Ironman 70.3 – Remich 2017

CollagePage001

Bei héich summerlechen Temperaturen sinn ronn 1800 Athleten um Sonnden mueren zu Réimech un de Start gaangen. Et stungen 1,9 km schwammen an der Musel um Programm. Duerno sinn d’Athleten 90 Kilometer duerch d’miseler Géigend Velo gefuer fir nach 21,5 km zu Réimech ze lafen.

D’Course gouf gewonnen vum Belsch Kenneth Vandendriessche an 3:50:29.

Zu Réimech huet d’lëtzebuerger Federatioun den Champion op der Mëtteldistanz an de respektiven Altersklassen gesicht.

Mat enger Zäit vun 4:36:17 ass de Willi bei den M50 am Gesamtklassement den exzellenten 4. ginn vun 151 Athleten déi d’Course zu Enn gelaf sinn. Daat war och nees gläichbedeitend mam lëtzebuerger Championstitel bei den M50.

Am Gesamtklassement, vun deenen ronn 1800 Athleten, war daat eng 171. Plaatz.

unbenannt-12

Asport

Comments Off on Ironman 70.3 – Remich 2017 more...

ING – Semi-Marathon – Mee 2017

logos

Bei héichsummerlëchen Temperaturen em 28 Grad, ass de Startschoss um 19.00 vum ING Nuets-Marathon gefall.

Den Willi as no 1:31:11 iwwert d’Ziellinn gelaaf. Daat war eng 79. Plaatz bei den Männer an déi 1. Plaatz an senger Altersklass M50.

Am Ganzen sinn 4710 Männer an d’Wertung komm.

Asport

Comments Off on ING – Semi-Marathon – Mee 2017 more...

Maacher Triathlon – Sprint

Maacher - Mee 2017-1

Gëscht war d’Editioun  2017 vum Musel-Triathlon zu Gréiwemaacher.

No engem passable schwammen, enger exzellenter Performance um Velo, huet de Willi nach e puer Plaatzen am lafen missen ofginn an as mat 1:02:01 op déi gutt 18. Plaatz am General komm.

Op dëser Course sinn dann och nees déi national Meeschterschaften an der Sprintdistanz ofgehalen ginn.

Maacher - Mee 2017-6

Mat senger Performance ass den Willi, no sengem Championtitel am Cross-Duathlon an am Duathlon, och Champion am Triathlon op der Sprintdistanz bei den M50 ginn.

Maacher - Mee 2017-9Asport

Comments Off on Maacher Triathlon – Sprint more...

Ironman 70.3 – Alcudia (Mallorca) Mee 2017

Alcudia - Mee 2017-13

Bei summerlëchen Temperaturen ass de mueren um 8.10 de Startschoss vum Ironman 70.3 zu Alcudia (Mallorca) gefall.

Eng ronn 3.600 Athleten sinn op den Parcours gaangen.

Fir déi 1,9 km schwammen, 90 km Velo an 21 km lafen huet de Willi 4:54:18 gebraucht. Daat as eng exzellenten 4. Plaatz bei den M50 (vun 304 Athleten déi ukomm sinn) , an eng 168. Plaatz bei den Männer am Gesamtklassement.

Alcudia - Mee 2017-7Alcudia - Mee 2017-1Asport

Comments Off on Ironman 70.3 – Alcudia (Mallorca) Mee 2017 more...

Duathlon Bieles – Championnat

Duathlon Bieles, Abrell 2017-3Bei schéinem Wieder sinn dëst Joer iwwert 70 Athleten op den Parcours (10 km – 40 km – 5 km) geschéckt ginn fir d’lëtzebuerger Champion’en an deenen verschiddenen Altersklassen ze sichen.

Mat engem Chrono vun 2:18:09 ass de Willi lëtzebuerger Champion bei den M50 ginn. Am Gesamtklassement war daat eng 19. Plaatz. Daat aas an dëser jonker Saison ewell den zweeten Titel hannereneen als Athlet Individuel.

 

Duathlon Bieles, Abrell 2017-4

Comments Off on Duathlon Bieles – Championnat more...

Cross-Duathlon Bieles – Championnat – März 2017

Cross-Duathlon Bieles - 2017-123

D’Saison 2017 ass mam Cross-Duathlon zu Bieles agelaut ginn. 56 Athleten sinn op de Parcours gaangen.

No 5,6 km lafen, 17,1 km MTB an 2,8 km ass de Chrono bei 1:26:57 stoen bliwwen. Dëst war eng 18. Plaatz am Gesamt-Klassement an eng 2. Plaatz an der Alterskategorie M50.

Domat konnt de Willi sech den Titel am Lëtzebuerger Championnat bei den M50 sëcheren.

Cross-Duathlon Bieles - 2017-245Asport

Comments Off on Cross-Duathlon Bieles – Championnat – März 2017 more...

Red Rock Challenge – MTB Crossduathlon

Red Rock Challenge - September 2016-1Bei schéinem Hierschtwieder ass de leschten Weekend nees den Red Rock Challenge um Belval ofgehalen ginn.

E Samschden waren verschidden Distanzen Trail-Leef, den MTB-Crossduathlon  an eng MTB-Course um Programm.

E Sonnden sinn dunn 3 Distanzen MTB-Coursen ofgehalen ginn – déi 75 km MTB waren an engem lëtzebuerger Championnat.

De Willi ass beim Crossduathlon (21,2km – 9,6 km – 18,2 km) um Start gewiescht.

Den Chrono vun 2:52:19 huet eng 21. Plaatz am Gesamt-Klassement bedeit, an eng gutt 5. Plaatz bei den AK.

Comments Off on Red Rock Challenge – MTB Crossduathlon more...

Eisléck Triathlon – September 2016

unbenannt-5 KopieGëscht um 10.45 war de Startschoss zum éischten Eisléck-Triathlon. Ursprénglech sollt am Stau geschwommen ginn. Well daat awer wéinst gëftegen Algen am Stau net méiglech war, ass aus dem Triathlon een Duathlon gemeet ginn.

Nodeems zu Réimech d’Schwammen och well an “d’Waasser gefall” war, sollt dunn  op dëser Course de lëtzebuerger Champion am Triathlon op der Mëtteldistanz fond ginn.  Doraus ass dann wéinst héijer Gewalt nees näischt ginn, sou dass dëst Joer keen Champion op dëser Distanz gekréint kann ginn.

Obwuel iwwer 160 Athleten ageschriwwen waren, sinn der nëmmen 108 un den Start vun engem ganz usprochsvolle Parcours gaang. No 5 km lafen, 90 km Vëlo an 21 km nolafen, hunn just nach 98 Athleten d’Ziellinn gesinn. Fir de Willi war de Chrono vun 5:12:39 gläichbedeitend mat enger 48. Plaatz am General an enger 6. Plaatz bei den M45.

willi-4 Kopie

willi-2 Kopie

Comments Off on Eisléck Triathlon – September 2016 more...

Wämper Triathlon – August 2016

Waemper Triathlon - August 2016-2 Kopie

Bei naasskalem Wieder ass déi 21. Editioun vum Wämper Triathlon ofgehale ginn.

Eng ronn 120 Athleten waren um Start. Während dem Velo hunn zolidd Schaueren agesaat. Fir de Willi ass de Chrono bei 2:28:26 stoen bliwwen.

Dëst war eng 49. Plaatz am Général an eng 8. Plaatz bei den VAH.

Waemper Triathlon - August 2016-3bis Kopie

Comments Off on Wämper Triathlon – August 2016 more...

Triathlon Iechternach – Juli 2016 – Championnat

Triathlon Iechternach - Juli 2016-5 KopieaNodeems weder zu Rousport, nach zu Réimech geschwommen konnt ginn, ass dann e  Samschden zu Iechternach deen éischten “richtegen” Triathlon vun der Saison gestart ginn. 118 Athletinnen an Athleten sinn un de Start vun dësem olympeschen Triathlon gaangen.

No 2:14:02 (26:56 – 1:02:47 – 42:29) huet den Willi d’Ziel-Linn gesinn. Dëst war am Gesamt-Klassement eng 11. Plaatz bei de Männer.

Domat gouf hien lëtzebuerger Champion bei den M45.

Asport

 

Comments Off on Triathlon Iechternach – Juli 2016 – Championnat more...

  • Kalenner

    April 2020
    M T W T F S S
    « Mar    
     12345
    6789101112
    13141516171819
    20212223242526
    27282930  
  • Kontakt

    Willi Oberweis
    email: cowi@pt.lu

    Fir Fotomaterial
    email: corinne2305@gmail.com

  • Copyright © 1996-2010 www.werneroberweis.lu. All rights reserved.
    Jarrah theme by Templates Next | Powered by WordPress