Triathlon

Triathlon Iechternach – Juli 2016 – Championnat

Triathlon Iechternach - Juli 2016-5 KopieaNodeems weder zu Rousport, nach zu Réimech geschwommen konnt ginn, ass dann e  Samschden zu Iechternach deen éischten “richtegen” Triathlon vun der Saison gestart ginn. 118 Athletinnen an Athleten sinn un de Start vun dësem olympeschen Triathlon gaangen.

No 2:14:02 (26:56 – 1:02:47 – 42:29) huet den Willi d’Ziel-Linn gesinn. Dëst war am Gesamt-Klassement eng 11. Plaatz bei de Männer.

Domat gouf hien lëtzebuerger Champion bei den M45.

Asport

 

Comments Off on Triathlon Iechternach – Juli 2016 – Championnat more...

Ironman 70.3 – Réimech Juni 2016

WilliD’Héichwaasser an déi domat verbonnen staark Stréimung hunn ee schwammen an der Musel aus Sëcherheetsgrënn onméiglech gemeet. Sou sinn déi 1.9 km schwammen duerch ee lafen vun 5.8 km ersaat ginn. Domat war aus dem Triathlon een Duathlon gemeet ginn. Doduerch konnt dunn och net den nationalen Champions-Titel am Triathlon vergi ginn.

D’Federatioun haat d’Entscheedung getraff fir am Plaatz een XL-Championnat am Duathlon an d’Liewen ze ruffen.

OP dësem XL-Duathlon ass de Chrono fir de Willi bei 4:39:07 stoen bliwwen. Daat huet eng 26. Plaatz (vun 226 Finisher) bei den M45 bedeit. Am lëtzebuerger Championnat war daat den Vizechampion-Titel bei den M45.

703luxembourg logo web

Comments Off on Ironman 70.3 – Réimech Juni 2016 more...

Triathlon Gréiwemaacher – Mee 2016

Grevenmacher Mee 2016-40 KopieaOch dëst Joer stoung nees de Maacher Triathlon um Programm. Trotz schlechte Wiederprevisiounen, ass d’Course awer drëschen iwwer d’Bühn gaangen.

No 1:03:46 (8:34 – 33:20 – 19:38) huet de Willi d’Ziel-Linn iwwerlaf. Dëst war eng 18. am General-Klassement an eng gutt 5. Plaatz bei den Masteren.

Asport

Comments Off on Triathlon Gréiwemaacher – Mee 2016 more...

Ironman 70.3 Palma de Mallorca – Mee 2016

Mallorca 2016-102

An schloem Reen ass den Ironman 70.3 Mallorca e Samschden um 8.10 gestart ginn.

Bei onrouegem Mier hu missen déi 1,9 km geschwommen ginn. Um Vëlo huet et weider riicht eran gereent – an et war nach vill Wand dobäi. Alles an allem waren et keng ideal Wiederkonditiounen fir deen usprochsvollen Parcours.

Och um Laf-Parcours haten d’Wolleken nach ëmmer vill Reen iwwreg.

No enger gudder Schwammzäit, engem Vëlo-Parcours deen dem Willi net lung an enger gudder Laf-Zäit, ass  de Chrono letztendlech bei 5:15:34 stoe bliwwen. Dëst war eng 40. Plaatz bei den M45 an eng 385. Plaatz (overall)  bei 3412 Finisher’en.

Mallorca 2016-130

 

Comments Off on Ironman 70.3 Palma de Mallorca – Mee 2016 more...

Wämper Triathlon – August 2015

WampechDéi 20. Editioun vum Wämper Triathlon ass bei sonnegem Wieder gestart ginn. Mee den ugekënnegten Reen sollt net ausbleiwen. Bei schloem Reen sinn d’Leefer op hier 10 Kilometer gaang.

Daat Wieder hunn net nëmmen den Athleten alles ofverlaangt, mee war och een Challenge fir d’Zuschauer an déi Fräiwëlleg déi dës Course iwwerhaapt méiglech gemeet hunn.

Mat dem Chrono vun 2:23:41 ass de Willi op eng 65. Plaatz am General komm. Mat dëser gudder Performance gouf hien Landesmeeschter am Triathlon op der olympescher Distanz bei den M45.

Mat dëser Course schléisst de Willi eng gutt Saison of; mat 3 Vize-Championstitelen an engem Championstitel bei den M45.

Asport

Comments Off on Wämper Triathlon – August 2015 more...

Triathlon Iechternach – Juli 2015

 Triathlon Iechternach 2015-56 KopieBei tropëschen Temperaturen vu bal 40 Grad hu sech iwwer 90 Athleten an Athletinnen op déi olympesch Distanz getraut.

Den Organisateur war exzellent op déi schwiereg Konditiounen virbereed; déi vill Fräiwëlleger hun eng super Aarbecht gemaacht.

Fir de Willi ass de Chrono bei 2:22:06 stoe bliwwen. Dëst war eng 23. Plaatz am General an eng 3. Plaatz bei den M45.

Triathlon Iechternach 2015-16 Kopie

Comments Off on Triathlon Iechternach – Juli 2015 more...

Ironman 70.3 Remich – Juni 2015

Remich Ironman 70.3 - Juni 2015-3 KopieUm 14.05 as fir d’Altersklass M45 den Startschoss fir déi 3. Editioun vum Ironman 70.3 hei zu Réimech gefall.

No 1,9 km schwammen, 90 km Velo an 21 km lafen as den Chrono bei 4:36:07 stoen bliwwen. Daat war am Gesamtklassment eng 153. Plaatz ënnert ronn 1500 männlechen Starter. An senger Alterklass huet de Willi sech als 12. klasséiert.

Am letzebuerger Championnat as de Willi op eng super 2. Plaatz (Vize-Champion) an senger Altersklass komm.

Asport

Comments Off on Ironman 70.3 Remich – Juni 2015 more...

Triathlon Rosport – Juni 2015

Triathlon Rosport 2015-57aDen CSL huet e Samsden déi éischt Editioun vum Triathlon Rosport organiséiert.

Mat 119 Umeldungen huet dës Course fir hier Première ee groussen Succès kannt. Et as och déi éischt Non-Drafting-Course hei zu Letzebuerg op enger kuerzer Distanz.

No 2:25:32 as de Chrono fir de Willi stoen bliwwen, waat eng 17. Plaatz am General war an déi 4. bei den M45.

Asport

Comments Off on Triathlon Rosport – Juni 2015 more...

Schwammtraining an Australien

Australien - Feb 2015-511An Australien hat ech d’Geleenheet fir mat deem exzellenten Schwammcoach Phil Mcilwraith (riets op der Foto) ze trainéieren. Hien as ganz renomméiert downunder an war ënner anerem den Coach vum Chris Mccormack.

Hieren Schwammtraining fänkt um 6.00 un – den Velotraining esou guer um 5.00!

Lénks op der Foto as den Nathan Miller (selwer Athlet a Coach vum Team Project M). Deen zweeten vun riets as den Matt Lewis; Athlet vum Team Project M – lescht Joer as hien jeweils den 1. an senger Altersklass um 70.3 zu Rapperswil an zu Réimech gin. De Matt kënnt am Juni fir 2 Méint erof fir am lëtzebuergeschen Summer ze trainéieren – an erem déi eng oder aner Course hei ze maachen.

Comments Off on Schwammtraining an Australien more...

Husky Long Course Triathlon (Australien)

Australien - Feb 2015-196Et war eng waarm Course bei iwwer 30 Grad zu Huskisson an Australien.

Am ganzen waren deen Weekend iwwer 8000 Athleten um Start bei deene verschidde Coursen.

De Willi as beim Triathlon vun der Mëtteldistanz (2 km – 83 km – 20 km) un de Start gaangen.

An senger Altersklass as hien mat senger Zäit vun  4:39:34 op déi exzellenten 14. Plaatz vun 91 Konkurrenten komm, déi ukomm sin.

Et war eng flott a gutt organiséiert Course, ganz an der australescher Mentalitéit. Just schued, dass downunder esou wäit eweg läit, soss wier een Start 2016 nees mat Sëcherheet garantéiert.

Australien - Feb 2015-300

Comments Off on Husky Long Course Triathlon (Australien) more...

  • Kalenner

    August 2020
    M T W T F S S
    « Mar    
     12
    3456789
    10111213141516
    17181920212223
    24252627282930
    31  
  • Kontakt

    Willi Oberweis
    email: cowi@pt.lu

    Fir Fotomaterial
    email: corinne2305@gmail.com

  • Copyright © 1996-2010 www.werneroberweis.lu. All rights reserved.
    Jarrah theme by Templates Next | Powered by WordPress