Triathlon

Triathlon Weekend zu Huskisson (Australien)

Am Kader vum Husky Triathlon Festival (Australien), ass de Willi de leschten Weekend bei der Schwammcourse am oppenen Mier iwwer 1000 m an bei der Lafcourse iwwer 10 km un de Start gaangen.

Mat senger Schwammzäit vun 17:29 ass hien an senger Altersklass den 4. ginn.

Fir déi 10 km Lafen ass den Chrono bei 42:10 stoen bliwwen. Daat war déi 1. Plaatz an senger Altersklass.

 

D’Haaptcourse um Sonnden ass vum Craig Alexander gewonne ginn.

 

Comments Off on Triathlon Weekend zu Huskisson (Australien) more...

Ironman Frankfurt Juli 2018

Bei  angenehmen Temperaturen sinn déi ronn 3000 Athleten um 6.40 an d’Waasser geschéckt ginn. D’Waassertemperatur lung bei knapps 24 Grad an soumat konnt den Neopren ugedoen ginn.

De Schwamm-Parcours war gedeelt mat engem Landgang. No 3,8 km, ass de Willi no 1:06:56 aus dem Waasser geklommen fir déi 185 Kilometer (5 km méi laang wéi déi eigentlech Distanz) um Velo ze attackéieren.

Do ass et net optimal gelaf, well de Willi leider net dee beschten Dag erwëscht haat. Zu villen Krämp  koum nach eng Penalty-Zäit vun 5 Minutten dobäi.

No 5:34:30 an bei summerlechen Temperaturen vun baal 30 Grad, ass de Willi vum Velo geklomm. Och beim lafen huet sech dee schwaarzen Dag viru gesaat. Wéi dunn erëm Krämp dobäi komm sinn, ass de Willi no 20,2 Kilometer an 1:47:49 aus der Course geklommen.

 

D’Course  gouf  souverän  gewonnen  vum  Jan Frodeno an enger Zäit vun 8:00:58, deen domat Europa-Meeschter gouf.  Den Hawai-Gewënner vun 2017  Patrick Lange  gouf  den  3.,  hannert dem Patrik Nilsson.

Comments Off on Ironman Frankfurt Juli 2018 more...

Ironman Réimech 70.3 – Juni 2018

E Sonnden de mueren sinn 2.500 Athleten beim ausverkaaften Ironman 70.3 an der Musel gestart. Fir de Willi ass de Startschoss kuerz no 9.15 gefall fir 1,9 km schammen, 90km Velo fueren an 21,1 km lafen.

No 4:49:09 waren déi 3 Disziplinen ofgeschloss. Domatt war de lëtzebuerger Championstitel bei den M50 an der Täsch.

Am internationalen Vergläich war daat déi gutt 8. Plaatz vun 157 Starter bei den M50. Am Overall-Ranking bei den Männer as et eng respektabel 251. Plaatz bei 1.430 Athleten gewiescht.

 

 

 

Comments Off on Ironman Réimech 70.3 – Juni 2018 more...

Wämper Triathlon – August 2017

Wampesch-1Wampesch-2Wampesch-3

Bei der 22. Editioun vum Wämper Triathlon waren dëst Joer 156 Athleten um Start, vun deenen der 141 d’Ziel gesinn hunn.

Fir de Willi ass de Chrono no 2:24:22 stoe bliwwen. Daat war an senger Altersklass bei den Masters B insgesamt déi 3. Plaatz . Am lëtzebuerger Championnat ass hien 1. ginn bei den M50.

Domat huet hien des Saison 5 Championstitelen bei den M50 geholl.Asport

Comments Off on Wämper Triathlon – August 2017 more...

Challenge Roth – Juli 2017

Triathlon Iechternach - Juli 2017-5Triathlon Iechternach - Juli 2017-4

Beim Challenge-Triathlon zu Roth iwwer 3,8 km schwammen, 180 km Velo fueren an 42,2 km as de Willi an 9:57:07 iwwer d’Arrivée gelaaf.

Et waren summerlech Temperaturen bei bis zu 30 Grad, waat den 3400 Athleten déi un de Start gaangen sinn, alles ofverlaangt huet.

Mat senger Zäit ass de Willi den 273. am Gesamt-Klassement an den exzellenten 10. an senger Altersklass ginn.

 

Comments Off on Challenge Roth – Juli 2017 more...

Triathlon Iechternach – Juli 2017 – Staffel

Triathlon Iechternach - Juli 2017-278

Beim Staffel-Start op der olympescher Distanz um Triathlon zu Iechternach, ass de Willi mat sengem australëschen Frënd Nathan Miller op déi 1. Plaatz komm.

Och an der Firmen-Wertung sinn si als Asport Tri-Team op déi 1. Plaatz komm.

Asport

Comments Off on Triathlon Iechternach – Juli 2017 – Staffel more...

Ironman 70.3 – Remich 2017

CollagePage001

Bei héich summerlechen Temperaturen sinn ronn 1800 Athleten um Sonnden mueren zu Réimech un de Start gaangen. Et stungen 1,9 km schwammen an der Musel um Programm. Duerno sinn d’Athleten 90 Kilometer duerch d’miseler Géigend Velo gefuer fir nach 21,5 km zu Réimech ze lafen.

D’Course gouf gewonnen vum Belsch Kenneth Vandendriessche an 3:50:29.

Zu Réimech huet d’lëtzebuerger Federatioun den Champion op der Mëtteldistanz an de respektiven Altersklassen gesicht.

Mat enger Zäit vun 4:36:17 ass de Willi bei den M50 am Gesamtklassement den exzellenten 4. ginn vun 151 Athleten déi d’Course zu Enn gelaf sinn. Daat war och nees gläichbedeitend mam lëtzebuerger Championstitel bei den M50.

Am Gesamtklassement, vun deenen ronn 1800 Athleten, war daat eng 171. Plaatz.

unbenannt-12

Asport

Comments Off on Ironman 70.3 – Remich 2017 more...

Maacher Triathlon – Sprint

Maacher - Mee 2017-1

Gëscht war d’Editioun  2017 vum Musel-Triathlon zu Gréiwemaacher.

No engem passable schwammen, enger exzellenter Performance um Velo, huet de Willi nach e puer Plaatzen am lafen missen ofginn an as mat 1:02:01 op déi gutt 18. Plaatz am General komm.

Op dëser Course sinn dann och nees déi national Meeschterschaften an der Sprintdistanz ofgehalen ginn.

Maacher - Mee 2017-6

Mat senger Performance ass den Willi, no sengem Championtitel am Cross-Duathlon an am Duathlon, och Champion am Triathlon op der Sprintdistanz bei den M50 ginn.

Maacher - Mee 2017-9Asport

Comments Off on Maacher Triathlon – Sprint more...

Ironman 70.3 – Alcudia (Mallorca) Mee 2017

Alcudia - Mee 2017-13

Bei summerlëchen Temperaturen ass de mueren um 8.10 de Startschoss vum Ironman 70.3 zu Alcudia (Mallorca) gefall.

Eng ronn 3.600 Athleten sinn op den Parcours gaangen.

Fir déi 1,9 km schwammen, 90 km Velo an 21 km lafen huet de Willi 4:54:18 gebraucht. Daat as eng exzellenten 4. Plaatz bei den M50 (vun 304 Athleten déi ukomm sinn) , an eng 168. Plaatz bei den Männer am Gesamtklassement.

Alcudia - Mee 2017-7Alcudia - Mee 2017-1Asport

Comments Off on Ironman 70.3 – Alcudia (Mallorca) Mee 2017 more...

Wämper Triathlon – August 2016

Waemper Triathlon - August 2016-2 Kopie

Bei naasskalem Wieder ass déi 21. Editioun vum Wämper Triathlon ofgehale ginn.

Eng ronn 120 Athleten waren um Start. Während dem Velo hunn zolidd Schaueren agesaat. Fir de Willi ass de Chrono bei 2:28:26 stoen bliwwen.

Dëst war eng 49. Plaatz am Général an eng 8. Plaatz bei den VAH.

Waemper Triathlon - August 2016-3bis Kopie

Comments Off on Wämper Triathlon – August 2016 more...

  • Kalenner

    January 2020
    M T W T F S S
    « Mar    
     12345
    6789101112
    13141516171819
    20212223242526
    2728293031  
  • Kontakt

    Willi Oberweis
    email: cowi@pt.lu

    Fir Fotomaterial
    email: corinne2305@gmail.com

  • Copyright © 1996-2010 www.werneroberweis.lu. All rights reserved.
    Jarrah theme by Templates Next | Powered by WordPress