
Och bei der 13. Editioun vum ING Nuets-Marathon ass de Willi nees un de Start gaang fir d’VDL.
Nodeems all Joer bis elo d’Zuel vun de Leefer an d’Luucht gaangen as, waren dest Joer am ganzen 16.000 Leefer ageschriwwen. Dovun sinn iwwer 7.500 Leefer a Leeferinnen bei der Hallefdistanz an d’Ziel komm; beim Marathon waren et der ronn 1.300.
Beim Semi-Marathon sinn am ganzen 5183 Leefer an d’Wertung komm. Mat enger Zäit vun 1:31:45 as de Willi op déi 200. Plaatz komm. An senger Alterklass war daat gläichbedeitend mat enger 5. Plaatz bei den M50.

Um 19.00 ass den 28. Mee nees den Startschoss fir den ING-Marathon gefall. Dës Joer sollten am Ganzen 14.000 Athleten op den Parcours geschéckt ginn – ronn 8.000 dovun waren der um Semi-Marathon gemellt.







