Duathlon

Duathlon Bieles – Lëtzebuerger Championnat

Op enger gutt besaatener Course mat iwwer 80 Starter, huet de Willi seng Saison 2018 ugefaang. No engem haarde Stage déi lescht zwou Wochen zu Girona haten d’Been well vill Velo-Kilometeren hannert sech.

Trotz allem ass awer eng gutt 34. Plaatz am Gesamt-Klassement eraus komm. Mat senger Zäit vun 2:20:52 ass hien zweeten an senger Altersklass ginn. Daat war an engems och den Vize-Champion-Titel am lëtzebuerger Championnat bei den M50.

Comments Off on Duathlon Bieles – Lëtzebuerger Championnat more...

Red Rock Challenge – Cross-Duathlon – Oktober 2017

Red Rock Challenge - Okt 2017-1 Bei herrlechem Wieder ass e Samsden um  Belval  um 9.30 de Startschoss gefall fir den Cross-Duathlon vum Red Rock Challenge.

Eppes klenges iwwer 100 Athleten sinn un de Start gaangen.

Mat enger Zäit vun 2:50:13 as den Willi als 21. iwwert d’Ziel-Linn gefuer. Daat war bei den MSEN2 eng zweeten Plaatz.

icon_1_image_x32

 

Asport

Comments Off on Red Rock Challenge – Cross-Duathlon – Oktober 2017 more...

Duathlon Bieles – Championnat

Duathlon Bieles, Abrell 2017-3Bei schéinem Wieder sinn dëst Joer iwwert 70 Athleten op den Parcours (10 km – 40 km – 5 km) geschéckt ginn fir d’lëtzebuerger Champion’en an deenen verschiddenen Altersklassen ze sichen.

Mat engem Chrono vun 2:18:09 ass de Willi lëtzebuerger Champion bei den M50 ginn. Am Gesamtklassement war daat eng 19. Plaatz. Daat aas an dëser jonker Saison ewell den zweeten Titel hannereneen als Athlet Individuel.

 

Duathlon Bieles, Abrell 2017-4

Comments Off on Duathlon Bieles – Championnat more...

Cross-Duathlon Bieles – Championnat – März 2017

Cross-Duathlon Bieles - 2017-123

D’Saison 2017 ass mam Cross-Duathlon zu Bieles agelaut ginn. 56 Athleten sinn op de Parcours gaangen.

No 5,6 km lafen, 17,1 km MTB an 2,8 km ass de Chrono bei 1:26:57 stoen bliwwen. Dëst war eng 18. Plaatz am Gesamt-Klassement an eng 2. Plaatz an der Alterskategorie M50.

Domat konnt de Willi sech den Titel am Lëtzebuerger Championnat bei den M50 sëcheren.

Cross-Duathlon Bieles - 2017-245Asport

Comments Off on Cross-Duathlon Bieles – Championnat – März 2017 more...

Red Rock Challenge – MTB Crossduathlon

Red Rock Challenge - September 2016-1Bei schéinem Hierschtwieder ass de leschten Weekend nees den Red Rock Challenge um Belval ofgehalen ginn.

E Samschden waren verschidden Distanzen Trail-Leef, den MTB-Crossduathlon  an eng MTB-Course um Programm.

E Sonnden sinn dunn 3 Distanzen MTB-Coursen ofgehalen ginn – déi 75 km MTB waren an engem lëtzebuerger Championnat.

De Willi ass beim Crossduathlon (21,2km – 9,6 km – 18,2 km) um Start gewiescht.

Den Chrono vun 2:52:19 huet eng 21. Plaatz am Gesamt-Klassement bedeit, an eng gutt 5. Plaatz bei den AK.

Comments Off on Red Rock Challenge – MTB Crossduathlon more...

Eisléck Triathlon – September 2016

unbenannt-5 KopieGëscht um 10.45 war de Startschoss zum éischten Eisléck-Triathlon. Ursprénglech sollt am Stau geschwommen ginn. Well daat awer wéinst gëftegen Algen am Stau net méiglech war, ass aus dem Triathlon een Duathlon gemeet ginn.

Nodeems zu Réimech d’Schwammen och well an “d’Waasser gefall” war, sollt dunn  op dëser Course de lëtzebuerger Champion am Triathlon op der Mëtteldistanz fond ginn.  Doraus ass dann wéinst héijer Gewalt nees näischt ginn, sou dass dëst Joer keen Champion op dëser Distanz gekréint kann ginn.

Obwuel iwwer 160 Athleten ageschriwwen waren, sinn der nëmmen 108 un den Start vun engem ganz usprochsvolle Parcours gaang. No 5 km lafen, 90 km Vëlo an 21 km nolafen, hunn just nach 98 Athleten d’Ziellinn gesinn. Fir de Willi war de Chrono vun 5:12:39 gläichbedeitend mat enger 48. Plaatz am General an enger 6. Plaatz bei den M45.

willi-4 Kopie

willi-2 Kopie

Comments Off on Eisléck Triathlon – September 2016 more...

Duathlon Mamer – Juni 2016

 

Duathlon Mamer - Juni 2016-295 KopieNëmmen eng Woch nom Ironman 70.3 zu Réimech, gouf et well de nächsten Rendez-vous zu Mamer. Et stoung een Duathlon um Programm (10 – 40 -5).

Wéi sech baal ze erwaarden war, war d’Zuel vun den Participant’en iwwerschaubar. Knapps iwwer 40 Athleten sinn un den Start gaang.

Den Chrono fir de Willi ass bei 2:16.09 stoen bliwwen. Dëst war eng 12. Plaatz am General an eng 4. Plaatz bei den Masteren.

 

Asport

 

 

Comments Off on Duathlon Mamer – Juni 2016 more...

Springwater Triathlon – Juni 2016

 

Rosport Triathlon 2016-129 KopieWell aus Sëcherheetsgrënn net konnt an der Sauer geschwommen ginn, ass aus dem Triathlon  leider een Duathlon gemeet ginn. Wéinst schloem Reen, ass den Start em eng Véirelsstonn no hannen verluecht ginn.

Am Plaatz vun 1700 m schwammen, hunn d’Athleten missen eng ronn 3 km lafen. Duerno stoungen 44 km mam Vëlo um Programm, fir ofzeschléissen waren et 8,10 km nozelafen.

Den Willi ass no 2:14:25 duerch d’Arrivée gelaf. Dëst war eng 20. Plaatz am Gesamt-Klassement an eng 3. bei den M45.

Asport

Comments Off on Springwater Triathlon – Juni 2016 more...

Duathlon Bieles Abrëll 2016

Duathlon Bieles 2016-289 KopieE Sonnden war bei richtegen Abrëllswieder a kalen Temperaturen déi 28. Editioun vum Duathlon Farenzena organiséiert ginn.

Um 14.30 ass de Startschoss fir ronn 60 Athleten gefall déi op de Parcours vun (10 km lafen – 40,2 km Velo – 5,5 km lafen) geschéckt gi sinn.

Fir de Willi ass de Chrono no 2:24:33 stoen bliwwen. Dëst war eng 18. Plaatz am General an den Vizechampion-Titel bei den M45 am lëtzebuerger Championnat.Asport

Comments Off on Duathlon Bieles Abrëll 2016 more...

Duathlon Mamer – Juni 2015 – Championnat

Duathlon Mamer- Juni 2015-62 KopieNom Ironman 70.3 vum leschten Weekend as dann dëse Sonnden den Champion am Duathlon op der kuerzer Distanz gesicht ginn.

Ennert knapp 70 Starter ass de Willi mat senger Zäit vun 1:34:25 op déi 14. Plaatz am General komm. Dëst war gläichzäiteg den Vizechampion-Titel bei den M45 am lëtzebuerger Championnat.

Mat dëser gudder Leeschtung huet de Willi och d’Féierung an der Wertung vum Tritour bei den M45 iwwerholl.

Asport

Comments Off on Duathlon Mamer – Juni 2015 – Championnat more...

  • Kalenner

    April 2020
    M T W T F S S
    « Mar    
     12345
    6789101112
    13141516171819
    20212223242526
    27282930  
  • Kontakt

    Willi Oberweis
    email: cowi@pt.lu

    Fir Fotomaterial
    email: corinne2305@gmail.com

  • Copyright © 1996-2010 www.werneroberweis.lu. All rights reserved.
    Jarrah theme by Templates Next | Powered by WordPress