CollagePage001

Bei héich summerlechen Temperaturen sinn ronn 1800 Athleten um Sonnden mueren zu Réimech un de Start gaangen. Et stungen 1,9 km schwammen an der Musel um Programm. Duerno sinn d’Athleten 90 Kilometer duerch d’miseler Géigend Velo gefuer fir nach 21,5 km zu Réimech ze lafen.

D’Course gouf gewonnen vum Belsch Kenneth Vandendriessche an 3:50:29.

Zu Réimech huet d’lëtzebuerger Federatioun den Champion op der Mëtteldistanz an de respektiven Altersklassen gesicht.

Mat enger Zäit vun 4:36:17 ass de Willi bei den M50 am Gesamtklassement den exzellenten 4. ginn vun 151 Athleten déi d’Course zu Enn gelaf sinn. Daat war och nees gläichbedeitend mam lëtzebuerger Championstitel bei den M50.

Am Gesamtklassement, vun deenen ronn 1800 Athleten, war daat eng 171. Plaatz.

unbenannt-12

Asport