Triathlon Weekend zu Huskisson (Australien)

Am Kader vum Husky Triathlon Festival (Australien), ass de Willi de leschten Weekend bei der Schwammcourse am oppenen Mier iwwer 1000 m an bei der Lafcourse iwwer 10 km un de Start gaangen.

Mat senger Schwammzäit vun 17:29 ass hien an senger Altersklass den 4. ginn.

Fir déi 10 km Lafen ass den Chrono bei 42:10 stoen bliwwen. Daat war déi 1. Plaatz an senger Altersklass.

 

D’Haaptcourse um Sonnden ass vum Craig Alexander gewonne ginn.

 

Comments Off on Triathlon Weekend zu Huskisson (Australien) more...

Ironman Frankfurt Juli 2018

Bei  angenehmen Temperaturen sinn déi ronn 3000 Athleten um 6.40 an d’Waasser geschéckt ginn. D’Waassertemperatur lung bei knapps 24 Grad an soumat konnt den Neopren ugedoen ginn.

De Schwamm-Parcours war gedeelt mat engem Landgang. No 3,8 km, ass de Willi no 1:06:56 aus dem Waasser geklommen fir déi 185 Kilometer (5 km méi laang wéi déi eigentlech Distanz) um Velo ze attackéieren.

Do ass et net optimal gelaf, well de Willi leider net dee beschten Dag erwëscht haat. Zu villen Krämp  koum nach eng Penalty-Zäit vun 5 Minutten dobäi.

No 5:34:30 an bei summerlechen Temperaturen vun baal 30 Grad, ass de Willi vum Velo geklomm. Och beim lafen huet sech dee schwaarzen Dag viru gesaat. Wéi dunn erëm Krämp dobäi komm sinn, ass de Willi no 20,2 Kilometer an 1:47:49 aus der Course geklommen.

 

D’Course  gouf  souverän  gewonnen  vum  Jan Frodeno an enger Zäit vun 8:00:58, deen domat Europa-Meeschter gouf.  Den Hawai-Gewënner vun 2017  Patrick Lange  gouf  den  3.,  hannert dem Patrik Nilsson.

Comments Off on Ironman Frankfurt Juli 2018 more...

Ironman Réimech 70.3 – Juni 2018

E Sonnden de mueren sinn 2.500 Athleten beim ausverkaaften Ironman 70.3 an der Musel gestart. Fir de Willi ass de Startschoss kuerz no 9.15 gefall fir 1,9 km schammen, 90km Velo fueren an 21,1 km lafen.

No 4:49:09 waren déi 3 Disziplinen ofgeschloss. Domatt war de lëtzebuerger Championstitel bei den M50 an der Täsch.

Am internationalen Vergläich war daat déi gutt 8. Plaatz vun 157 Starter bei den M50. Am Overall-Ranking bei den Männer as et eng respektabel 251. Plaatz bei 1.430 Athleten gewiescht.

 

 

 

Comments Off on Ironman Réimech 70.3 – Juni 2018 more...

ING Semi-Marathon Mee 2018

Och bei der 13. Editioun vum ING Nuets-Marathon ass de Willi nees un de Start gaang fir d’VDL.

Nodeems all Joer bis elo d’Zuel vun de Leefer an d’Luucht gaangen as, waren dest Joer am ganzen 16.000 Leefer ageschriwwen. Dovun sinn iwwer 7.500 Leefer a Leeferinnen bei der Hallefdistanz an d’Ziel komm; beim Marathon waren et der ronn 1.300.

Beim Semi-Marathon sinn am ganzen 5183 Leefer an d’Wertung komm. Mat enger Zäit vun 1:31:45 as de Willi op déi 200. Plaatz komm. An senger Alterklass war daat gläichbedeitend mat enger 5. Plaatz bei den M50.

Comments Off on ING Semi-Marathon Mee 2018 more...

Bike4Life – 1. Mee 2018

Um 1. Mee as déi 10. Editioun  Bike4Life vun den Mennien zu Ettelbréck organiséiert ginn. Mat iwwert 80 Equipen um Départ, ass fläisseg fir den gudden Zweck an d’Pedalle gedréckt ginn.

Den Asport war mat 3 Equipen um Départ. Och de fréiheren Profi-Cyclist Kim Kirchen huet sech an den Dingscht vum Asport gestallt. De Willi huet een Team mam Poulet gebild an si sinn letztendlech op déi gutt 9. Plaatz komm.

Mee bei engem Evenement fir de gudden Zweck sinn d’Platzéierungen onwichteg.

Respekt un d’Mennien fir hiert Engagement.

 

Comments Off on Bike4Life – 1. Mee 2018 more...

Duathlon Bieles – Lëtzebuerger Championnat

Op enger gutt besaatener Course mat iwwer 80 Starter, huet de Willi seng Saison 2018 ugefaang. No engem haarde Stage déi lescht zwou Wochen zu Girona haten d’Been well vill Velo-Kilometeren hannert sech.

Trotz allem ass awer eng gutt 34. Plaatz am Gesamt-Klassement eraus komm. Mat senger Zäit vun 2:20:52 ass hien zweeten an senger Altersklass ginn. Daat war an engems och den Vize-Champion-Titel am lëtzebuerger Championnat bei den M50.

Comments Off on Duathlon Bieles – Lëtzebuerger Championnat more...

Red Rock Challenge – Cross-Duathlon – Oktober 2017

Red Rock Challenge - Okt 2017-1 Bei herrlechem Wieder ass e Samsden um  Belval  um 9.30 de Startschoss gefall fir den Cross-Duathlon vum Red Rock Challenge.

Eppes klenges iwwer 100 Athleten sinn un de Start gaangen.

Mat enger Zäit vun 2:50:13 as den Willi als 21. iwwert d’Ziel-Linn gefuer. Daat war bei den MSEN2 eng zweeten Plaatz.

icon_1_image_x32

 

Asport

Comments Off on Red Rock Challenge – Cross-Duathlon – Oktober 2017 more...

Wämper Triathlon – August 2017

Wampesch-1Wampesch-2Wampesch-3

Bei der 22. Editioun vum Wämper Triathlon waren dëst Joer 156 Athleten um Start, vun deenen der 141 d’Ziel gesinn hunn.

Fir de Willi ass de Chrono no 2:24:22 stoe bliwwen. Daat war an senger Altersklass bei den Masters B insgesamt déi 3. Plaatz . Am lëtzebuerger Championnat ass hien 1. ginn bei den M50.

Domat huet hien des Saison 5 Championstitelen bei den M50 geholl.Asport

Comments Off on Wämper Triathlon – August 2017 more...

Challenge Roth – Juli 2017

Triathlon Iechternach - Juli 2017-5Triathlon Iechternach - Juli 2017-4

Beim Challenge-Triathlon zu Roth iwwer 3,8 km schwammen, 180 km Velo fueren an 42,2 km as de Willi an 9:57:07 iwwer d’Arrivée gelaaf.

Et waren summerlech Temperaturen bei bis zu 30 Grad, waat den 3400 Athleten déi un de Start gaangen sinn, alles ofverlaangt huet.

Mat senger Zäit ass de Willi den 273. am Gesamt-Klassement an den exzellenten 10. an senger Altersklass ginn.

 

Comments Off on Challenge Roth – Juli 2017 more...

Triathlon Iechternach – Juli 2017 – Staffel

Triathlon Iechternach - Juli 2017-278

Beim Staffel-Start op der olympescher Distanz um Triathlon zu Iechternach, ass de Willi mat sengem australëschen Frënd Nathan Miller op déi 1. Plaatz komm.

Och an der Firmen-Wertung sinn si als Asport Tri-Team op déi 1. Plaatz komm.

Asport

Comments Off on Triathlon Iechternach – Juli 2017 – Staffel more...

  • Kalenner

    January 2020
    M T W T F S S
    « Mar    
     12345
    6789101112
    13141516171819
    20212223242526
    2728293031  
  • Kontakt

    Willi Oberweis
    email: cowi@pt.lu

    Fir Fotomaterial
    email: corinne2305@gmail.com

  • Copyright © 1996-2010 www.werneroberweis.lu. All rights reserved.
    Jarrah theme by Templates Next | Powered by WordPress